D’Ruin vun der Waasserbuerg läit an der Uertschaft Pëtten (Gemeng Miersch) a geet op dat 10. Joerhonnert zréck. Un den Ecke stounge fréier véier ronn Tierm, vun deene just déi zwee viischt erhale sinn. An der Mëtt vun der Anlag stoung fréier en héijen Donjon. De Waassergruef gouf am 17. Joerhonnert opgeschott, ass awer nach gutt ze gesinn. D’Buerg gouf 960 bekannt ënner dem Numm « Pittigeromarkun ». Den Arnold vu Pëtten kënnt 1243 als éischte Besëtzer an engem Dokument vir. Nieft dem Jang de Blannen stierft an der Schluecht vu Crécy 1346 och e Ritter vu Pëtten. 1684 gëtt d’Buerg vun den Truppe vum Louis XIV. bombardéiert an zerstéiert. D‘Ruin koum 1947 an de Besëtz vum Staat. (Quell: wikipedia)
Au Xe siècle, la forteresse était connue sous le nom de Pittigero Mazini, mais elle a reçu le nom de Pettingen au XIIIe siècle. Vers la fin du Moyen Âge, les seigneurs de Pettingen étaient des membres importants de la société luxembourgeoise. Ils étaient présents au mariage d’Ermesinde, au couronnement d’Henri IV et à la signature du contrat de mariage de Jean l’Aveugle. En 1684, les troupes de Louis XIV le bombardent et le réduisent à l’état dans lequel on peut le voir actuellement. Depuis 1947, il est la propriété de l’État luxembourgeois. Les ruines sont ouvertes au public. Les remparts avec deux tours rondes sur le côté nord-est sont encore debout. Le site forme un carré de 30 mètres sur 30 entouré d’un ancien fossé de 15 mètres de large. (source wikipedia).