“Aus Eisen” – Martine Federmeyer Gwynne

D’Martine Federmeyer Gwynne ass eng multidisziplinär visuell Kënschtlerin aus Lëtzebuerg mat staarke familiären Attachen am Minett. 2024 huet si an der Hall Paul Wurth am Fond-de-Gras ausgestallt.

Dest ass en Artikel aus des Serie KonschtKëscht.

D’Ausstellung

D‘Ausstellung ass op:

Vum 18. Juli bis en 18. August 2024, Donneschdes, Samschdes a Sonndes
Vum 25. August bis en 22. September 2024, Sonndes.
Dëst ëmmer vu 14. bis 18. Auer

Konschtatelier / Workshop

D’Kënschtlerin bitt gratis Atelieren u fir ze léiere wéi een natierlech Pigmenter vu lokale Planzen a Mineralstoffer benotzt. Dës Course sinn tëscht Juli a September 2024, vun 13.00 bis 17.00 Auer an der Hall Paul Wurth. Horairen op www.minettpark.lu

D’Martine Federmeyer Gwynne

D‘Historikerin a Bildkënschtlerin interesséiert sech besonnesch fir den industrielle Patrimoine an d’Aarbechter aus de Grouwen a Schmelzen vu Lëtzebuerg an Europa. De Konflikt an d’Zesummeliewen vun natierlechen Elementer a vum Mënsch gemaachten industrielle Strukturen inspiréiere hir Konschtwierker. Si bestinn aus gemëschten Wierker a Konschtinstallatiounen vu Fotoen, Objeten a Konschtwierker. D‘Kënschtlerin huet et fäerdeg bruecht, hiren Interessi un der Geschicht mat hirer aner Passioun, der Konscht, ze kombinéieren.

Dem Martine Federmeyer Gwynne seng Konscht ass haaptsächlech abstrakt. Interesséiert fir Formen a Linnen, probéiert si d’Essenz vun de Saachen ze erreechen. D’Aarbecht fänkt u mat Observatioun a Fuerschung, gefollegt vun der Transformatioun vun dësen Informatiounen an Iddien a Konschtwierker.

Linken