E VW Buggy feiert seng 50

Viru 50 Joer huet de Marc Pannacci aus engem verongléckte VW Käfer et Buggy baue gelooss, dëst mat de Léierbouwen aus der Léierbud vun Arbed-Belval. De Marc Pannacci as bekannt als fréieren Direkter vun Centre de Formation pour Conducteurs (Colmer-Bierg a Suessem). De Marc Pannacci huet och d’Pläng vun de Circuite vu Monnerech (Karting), Colmer-Bierg a Suessem gezeechent.

1974 huet en nach als Ingenieur studéiert, de VW Buggy ass beim Stage entworf ginn. 50 Joer duerno huet, op Initiativ vum Willy Andres (fréier Stock-Car President), de VW Buggy nees et puer Tier däerfen am Buergronn zu Esch dréinen. E puer Léierbouwe vun deemools hu beim ronne Gebuertsdag net gefeelt.