Zäitzeien: Xavier Verzin, Veteran Brigade Piron

De Xavier Verzin war fofzéng Joer al wéi d’Wehrmacht an d’Belschagefall ass. Mat senger Famill war hien op de Stroossen a Richtung Frankräich, wéi de Konvoi vun der Luftwaffe vu “Stukaen”attackéiert gouf, déi d’Ziviliste bombardéiert huet. Nees Doheem zu Louvain koum hien op d’Iddi, géint den däitschen Ënnerdrécker an de Widderstand ze goen. 1942 koum hien an d’Wäiss Arméi (“Wäissbrigade”). Als Architekturstudent waren seng Haaptaufgaben den Transport vu geheimen Dokumenter vu Louvain op Bréissel an hien huet gehollef alliéiert Piloten aus Fligeren,déi ronderëm Bréissel erofgeschoss goufen, iwwer Frankräich, Spuenien a Portugal nees a Groussbritannien ze bréngen.

Mä hien huet och d’Konsequenze vu sengem Engagement fir d’Fräiheeterlieft. E Frënd, deen hie begleet huet, gouf vum Ënnerdréckera mat enger Kugel am Kapp vun engem Member vun der Gestapo ëmbruechtwéi wéi si fir eng Dokumentekontroll gestoppt goufen. No der Befreiung vu Bréissel, de 4. September 1944, huet de Xavier Verzin sech Fräiwëlleg an d’Brigade Piron am Recrutementsbüro zu Merchtem gemellt. An dëser, an der brittescher Arméi integréierter belsch-Lëtzebuerger Brigade, gouf et eng Lëtzebuerger Batterie déi mat véier 25-pënner Haubitzkanounen ausgestatt war. Am November1944 koum hien am den Éischte belsche Feldregiment, och nach PironBrigade genannt. No senger militärescher Ausbildung gouf de XavierVerzin an de RHQ (Regimental Headquarters) zougewisen a war am Februar 1945 um Wessem Kanal, Holland, am Asaz. Nom Waffestëllstandam Mee 1945 war de Xavier Verzin mat senger Eenheet an der Münster Regioun (Däitschland) stationéiert. Do huet hien och d’Schreckevun der befreit KZ Buchenwald a Ravensbruck gesinn.

Am Dezember 1945 vun der Brigade demobiliséiert, ass de Xavier Verzin zréck an d’zivilt Liewe gaangen an huet de Blummebuttek vun der Famill weider gefouert, grad wéi säi Brudder Guy, deejoerzéngtelaang zu Ettelbréck dee selwechte Beruff ausgeüübt huet.

Xavier Verzin, volontaire et vétéran de guerre

Xavier Verzin avait quinze ans lorsque la Wehrmacht a envahi la Belgique et avec sa famille il a été sur les routes en direction de la France lorsque le convoi a été attaqué par les „Stuka“ de la Luftwaffe qui ont bombardé et mitraillé les civils. De retour chez lui à Louvain l’idée lui est venu de faire de la résistance contre l’oppresseur allemand, et en 1942 il s’est engagé dans l’armée blanche („witte brigade“). Etudiant en architecture ses principales tâches étaient le transport de documents secrets de Louvain à Bruxelles et l’aide aux aviateurs alliés abattus aux alentours de Bruxelles pour retrouver, via la France, l’Espagne et le Portugal, la Grande-Bretagne.

Mais il a aussi connu les conséquences de son engagement pour la liberté, lors d’un contrôle son ami l’accompagnant, celui-ci a été recherché par l’oppresseur, a été tué par une balle dans la tête par un Gestapo qui les avait stoppé pour un contrôle de documents. Après la libération de Bruxelles, le 4 septembre 1944 Verzin s’est porté volontaire pour la Brigade Piron au bureau de recrutement à Merchtem. (Dans cette Brigade belge intégrée dans l’armée britannique, il y avait dans son artillerie une batterie luxembourgeoise („Luxembourg Battery“) qui était munie de quatre canons-obusiers de 25 livres.) En novembre 1944 il a été engagé au First Belgian Field Regiment de la Brigade Piron. Après son instruction militaire Xavier Verzin a été affecté au RHQ (Regimental Headquarter) et a été en février 1945 sur le canal de Wessem (PBS). Après le cessez-le-feu en mai 1945 Verzin était stationné avec son unité dans la région de Münster (ALL). Mais il a aussi vu les horreurs des KZ Buchenwald et Ravensbruck libérés.

Démobilisé de la Brigade en décembre 1945 Xavier Verzin est retourné dans la vie civil et est devenu fleuriste, tout comme son frère Guy qui a exercé la même profession pendant des décénnies à Ettelbruck.

(source: mywort.lu / Romain Heckemanns)

L’interview en intégral

Links / Liens