Den Damien Giudice ass Graphikdesigner a stellt 2025 17 Linogravuren an der Hall Paul Wurth am Fond-de-Gras aus.
Dest ass en Artikel aus des Serie KonschtKëscht.
D’Ausstellung
Déi 17 beandrockend Linoleumschnëtter vum lëtzebuergesche Kënschtler Damien Giudice erënneren un d’Passioun an d’Engagement vun de Veräiner » « Minièresbunn Doihl » an « Train 1900 », déi sech fir d’Erhale vum lokalen industrielle Patrimoine engagéieren. D’Ausstellung schaaft eng Bréck tëscht Vergaangenheet a Géigewaart a weist souwuel dat industriellt Ierwen wéi och d’Aarbecht vun den haitege Fräiwëllegen ervir. All Bild ass eng Éier fir déi, déi hir Fräizäit der Erhalung vun dëser Geschicht investéieren.
D‘Ausstellung ass op:
All Sonndeg, vum 25. Mee bis de 14. September 2025
Dëst ëmmer vu 14. bis 18. Auer
Den Damien Giudice
Den Damien Giudice huet am Joer 2022 säi Bachelor am Studiegang „Kommunikationsdesign“ zu Treier ofgeschloss. En huet sech haaptsächlech an den Analogen Drocktechniken spezialiséiert. Seng Leidenschaft fir Planzen, Déieren an Insekte spigelt sech a senge Wierker zeréck. Schwéierpunkten: Linolschnëtt, Siebdruck,Acrylic-Pourring.
Als Graphikdesigner leet hie besonnesch Wäert op Propretéit a Léift zum Detail. Feeler ze maachen ass een Deel vum Prozess an hie schafft immens gär mam Zoufall.
Den Damien Giudice ass als Museker a Gittarist ënner dem Numm „Boy From Home“ bekannt.