Déi fënneft Editioun vun den Draacheparad fir dat chineesescht néit Joer, organiséiert vum Konfuzius-Institut vun der Universitéit Lëtzebuerg, huet den 31. Januar 2026 an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt. Dat chineesescht néit Joer gouf wuel e puer Deeg méi fréi gefeiert. Well den offiziellen Ufank vun de Festivitéiten eréischt de 17. Februar war, war Lëtzebuerg déi éischt europäesch Haaptstad, déi d’Joer vum Feierpäerd begréisst huet. E grousst Publikum huet d’Optrëtter vu Kënschtler an Athleten bewonnert, déi fir dës Geleeënheet aus Lëtzebuerg, Frankräich a Belsch koumen.