Buergbrennen zu Bouneweg (2024)

Fête des brandons à Bonnevoie

D’Bouneweger Guiden an Scouten (LGS) hunn och 2024 erëm d’Buergbrennen um Boulevard Kaltreis beim Waassertuerm zu Bouneweg organiséiert.

D’Buergbrenne gouf begleet mat engem Concert vun der Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie.

Buergbrennen

Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an der Belsch, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen dora besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg (lat. Invocabit genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d’Verbrenne vum Wanter duerstellt. (Quell: Wikipedia)

Dimanche des brandons

Au Luxembourg et dans certaines régions françaises, belges ou d’ailleurs, la tradition consiste, en ce dimanche des Brandons, à allumer des feux, danser à l’entour et parcourir les rues et les campagnes en portant des brandons ou des tisons allumés. (source: Wikipedia)