Expo 2024 – Racing Action Lorentzweiler

Interviewen

D’Ausstellung vu Course- a Kollektiounsautoen op engem verreenten Ouschterméindeg war d‘Geleeënheet, e puer flott Interviewen opzehuelen. Leider ass dobäi och en Noruff op den Aly Kridel dobäi, ee vun de ganz groussen aus dem Lëtzebuerger Automobilsport. Den Aly Kridel ass een Dag virun der Expo gestuerwen. Eng aner Legend aus dem Automobilsport, de Léon Linden, „sacré Léon“, huet sech dobäi u säi Frënn, Géigner op de Biergcoursen an dach Equipier bei Rallyen erënnert.

Déi wuel beschte Lëtzebuerger Pilot aus der haiteger Zäit, den Dylan Perreira, huet iwwert seng Karriär geschwat an seng Hoffnunge fir 2024. De Marc Pannacci, fréieren Direkter vum „Centre de Formation pour Conducteurs” huet iwwer säi Buggy geschwat, deen e vu 50 Joer mat der Léierbud vun der Arbed gebaut huet. Interviewpartner ass de Motorsport Journalist Romain Heckemanns.

Noruff op den Aly Kridel

Réckbléck an Aussichte vum Dylan Perreira

Zäitzeien: Léon Linden, 58 Joer laang aktive Pilot.

Marc Pannacci: 1 Buggy an 3 Circuiten

Links