Autorail De Dietrich – 75 Joer

3 Videoe fir de 75. Gebuertsdag vum Autorail De Dietrich, ex CFL Z105, ze féieren.

3 vidéos pour célébrer le 75e anniversaire de l’Autorail De Dietrich, ex CFL Z105 (SNCF X 3700).

1. E klenge Reportage

2. Op der Streck – Péiteng – Fond-de-Gras

3. Den Interview

De ganzen Interview mam Christian Schmitz, President 1604 Classics asbl a Mecancien um de Dietrich.

L’interview de Christian Schmitz, mécancien et “mémoire” de l’autorail De Dietrich

4. Eng kuerz Geschicht / Brève histoire

1947 huet d’CFL d’Decisioun geholl, déi al Damplokomotive mat modernen Autorailen ze ersetzen. Den Autorail „De Dietrich Z 105“ ass e franséischen Design aus dem Joer 1935, deen 1949 mat finanzielle Mëttele vum Marshall-Plang fir Lëtzebuerg gebaut gouf. Ausserdeem goufen tëscht 1933 an 1949 net manner wéi 140 Maschinne vun dësem Typ gebaut fir un d’franséisch, algeresch, marokkanesch, libanesesch, tunesesch, syresch, griichesch a lëtzebuergesch Eisebunn geliwwert ze ginn. All dës Autorailen ware mat zwee Saurer Dieselmotoren ausgestatt, déi eng Kraaft vun 320 PS entwéckelen, vun enger véier-Vitesse mechanesch Boite ugedriwwe ginn, a mat engem Beschleunegungs- a pneumatesche Kupplungssystem ausgestatt. Hir maximal Geschwindegkeet war 120 km/h.

D’Ween aus der Serie CFL Z 101 – Z 110 waren déi éischt Dieselgefierer vun der CFL. Den 11. August 1949 koum den éischten Autorail vun De Dietrich um Eisebunnsnetz un. Dës Autoraile ware méi wéi 25 Joer am Déngscht, an eréischt 1975 huet d’CFL ugefaangen se duerch d’Serie 250 ze ersetzen. Déi lescht Offiziell Rees gouf den 28. Mee 1978 vum Z 110 gemaach. Den Z 105, leschte Modell aus der Serie,war am November 1978 vun der GAR Associatioun kaf ginn a komplett restauréiert ginn. 1993 huet eng éischt Re-Zirkulatioun stattfonnt.

Haut ass den Autorail De Dietrich Z 105, deen dem Lëtzebuerger Staat (INPA) gehéiert, deen eenzegen vun dësem Typ, deen iwwerlieft huet an funktionéiert.

Français

En 1947, les CFL prennent la décision de remplacer les anciennes locomotives à vapeur par des autorails modernes. L’Autorail “De Dietrich Z 105” est un modèle français de 1935, construit en 1949 grâce aux ressources financières du Plan Marshall pour le Luxembourg. Par ailleurs, entre 1933 et 1949, pas moins de 140 autorails de ce type furent construits pour être livrées aux chemins de fer français (série X 3700), algériens, marocains, libanais, tunisiens, syriens, grecs et luxembourgeois. Tous ces autorails étaient équipés de deux moteurs diesel Saurer développant ensemble une puissance de 320 ch, entraînés par une transmission mécanique à quatre vitesses, et équipés d’un système d’accélération et d’embrayage pneumatique. Leur vitesse maximale était de 120 km/h.

Les wagons de la série CFL Z 101 – Z 110 furent les premiers engins diesel des CFL. Le 11 août 1949, le premier autorail de De Dietrich arrive sur le réseau ferroviaire. Ces autorails furent en service pendant plus de 25 ans et ce n’est qu’en 1975 que les CFL commencèrent à les remplacer par la série 250. Le dernier voyage officiel a eu lieu le 28 mai 1978 par le Z 110. Le Z 105, dernier modèle de la série, fut acheté par l’association GAR en novembre 1978 et entièrement restauré. En 1993, une première recirculation a lieu.

Aujourd’hui, l’Autorail De Dietrich Z 105, propriété de l’État luxembourgeois (INPA), est le seul de ce type à avoir survécu et à fonctionner.

Links / Liens