Wëllkomm am „Musée national de l‘Automobile“ – Collection Schlumpf , zu Mulhouse a Frankräich. Dëse Musée gëllt als de gréissten Autosmusée op der Welt, mat enger impressionanter Sammlung vun iwwer 500 Autoen. Bereet Iech fir eng aussergewéinlech Sammlung vun historeschen a rare Gefierer ze entdecken, e richtege Schatz fir Frënn vun alen a manner alen Autoen. Zum Musée gehéiert virun allem eng beandrockend Ausstellung vun 120 Bugatti‘en. Et ass déi gréisste Sammlung vu Bugatti op der Welt, zesummegesat vun de Schlumpf Bridder an den 1970er. De Bijou vun der Kollektioun sinn zwee Bugatti Type 41, besser bekannt als Bugatti Royale, gebaut vun 1927 bis 1933. Des goufe vum Ettore Bugatti entworf, deen dee luxuriéisten a mächtegsten Auto op der Welt wollt kreéieren. De Bugatti Royal hat en 12,7-Liter 8-Zylindermotor mat 300 Päerd.
Bienvenue au Musée
Bienvenue au Musée National de l’Automobile – Collection Schlumpf, situé à Mulhouse, en France. Ce musée est considéré comme le plus grand musée automobile du monde, abritant une collection impressionnante de plus de 500 voitures. Préparez-vous à découvrir une collection exceptionnelle de véhicules historiques et rares, un véritable trésor pour les passionnés d’automobile.
Il abrite notamment une impressionnante exposition de 120 Bugatti. C’est la plus grande collection de Bugatti au monde, rassemblée par les frères Schlumpf dans les années 1970.
Le joyau de la collection est constitué par deux Bugatti Type 41, plus connue sous le nom de Bugatti Royale, construite de 1927 à 1933. Elle a été conçue par Ettore Bugatti, qui voulait créer la voiture la plus luxueuse et la plus puissante au monde. La Royale était équipée d’un moteur 8 cylindres en ligne de 12,7 litres développant 300 chevaux.