De Videoreportage iwwer de Rallye „Luxembourg Classic 2025“ Ongeféier 100 klassesch, Oldtimer a Youngtimer si vu Süden no Norden a vun Osten no Westen duerch Lëtzebuerg gefuer. D’Luxembourg Classic Rally ass en Event, dee vun der Motor Presse Stuttgart (Auto, Motor und Sport, Motor Klassik) organiséiert gëtt. Dëse Video dokumentéiert déi fënneft Editioun vum Luxembourg Classic, gëtt Abléck an d’Virbereedungen an d’Strecken, a stellt d’Leit vir, déi dësen Event méiglech maachen. Verschidde Interviewe ginn och Ablécker an d’Klassiker an hir Piloten.
Den Team vu 4K Films Lux war mat véier Kameraleit op der Plaz. Den Alain Kleeblatt, d’Genia Slyvka, de Kyrill Bezruchko an den Igor Bezruchko ware fir d’Kameraaarbecht zoustänneg. D’Dronenopname goufe vum Igor Bezruchko gedréint. De Schnëtt gouf vum Alain Kleeblatt gemaach.
Interviewen ënner anerem vum Dany (ACL), Philippe (Bentley Le Mans), Thomas (BMW 502), Romain (Jaguar E-Type), Catia (Porsche 356, Losch 48), « Joy » (Austin Healey 3000), Petra (Alfa Romeo 1300 GT), Niels (NSU Ro 80), Friedrich (Alfa Romeo Sprint Zagato), Patrick (Mustang Fastback) am Ed Goedert, sportlechen Direkter.
De Video ass mat däitschen, franséischen an engleschen Ënnertitelen ënnerluecht an op Franséisch doubléiert.