Zäitzeien: Paul Havenne, Mineur, Accrocheur, Maschinist

An der Serie Zäitzeie stelle mir hei de Paul Havenne vir.

De Paul Havenne ass 1937 zu Wancennes (Belsch) gebuer. Hien ass als Kand mat senger Mamm op Zowaasch (Lasauvage, Gemeng Déifferdeng) wunne komm. 1955, mat 18 Joer, huet hien an der Minière ugefaangen. Als éischt am Tagebau an der Minière Crosnière, e puer Joer méi spéit huet en ënnerdaach (an der Minn) geschafft.

Hie war Accrocheur an duerno Maschinist. Hien huet bis ëm 1977 an der Minn geschaaft, duerno an der Tuberie zu Déifferdeng (Arbed).

Den Interview ass am Mäerz 2023 gefilmt ginn. Du war hien an der „Résidence des Ardennes“ zu Clierf opgeholl. D‘Froen hunn seng Duechter Andrea gestallt, begleet vun hirer Schwëster Tessy.