Luxembourg Classic 2026

De Videoreportage iwwer de Rallye „Luxembourg Classic Rallye 2026“ 124 klassesch, Oldtimer a Youngtimer sinn duerch Lëtzebuerg gefuer, freides an den Norden, samschdes an de Süden an op d‘Musel. D’Luxembourg Classic Rally ass en Event, dee vun der Motor Presse Stuttgart (Auto, Motor und Sport, Motor Klassik) organiséiert gëtt. Dëse Video dokumentéiert déi sechst Editioun vum Luxembourg Classic, gëtt Abléck an d’Virbereedungen an d’Strecken, a stellt d’Leit vir, déi dësen Event méiglech maachen. Verschidden Interviewe ginn och Ablécker an d’Klassiker an hir Piloten.

Den Team vu 4K Films Lux war mat fënnef Kameraleit op der Plaz. Den Alain Kleeblatt, d’Genia Slyvka, de Kyrill Bezruchko, d‘Olga Tchoumatchenko an d‘Polina Bezruchko ware fir d’Kameraaarbecht zoustänneg.

Interviewe mam:

  • Aly Weicherding – La Buire 11B Torpedo Sport
  • Jacques Joseph – Ford Escort
  • Romain Rinck – MG MGA 1956
  • Dr. Stefan Krauss – Ford Mustang
  • Walter Röhrl – Porsche 912 1968
  • Laurent Schandeler – Fiat 131 Abarth Gr.4 1977
  • Roland Heiderscheid – Morgan 4/4 Competion 1970
  • Robert Hehn – Intermeccanica Indra 1972
  • Ed Goedert – Directeur de course

Links