Zaitzäien: Abbas Rafii, Baha’i

An der Serie Zäitzeien stelle mir hei den Abbas Raffii vir. Den Abbas Raffii ass 1967 op Lëtzebuerg komm fir de Baha‘i Glawen ze ënnerstëtzen. Hien huet d‘Firma Ireco SA gegrënnt, déi elo de Sëtz zu Steesel huet. Ireco ass de gréissten Importateur an Distributeur vu Pistaschen an Europa. Den Abbas Raffii ass dowéinst 2006 zum „Entrepreneur de l‘année“ gewielt ginn. Hien huet, nieft de Firma, säi Liewen der Baha‘i Saach gewidmet.

Den 1. Deel geet méi op seng Erfarungen zu Lëtzebuerg an. Am 2. Deel erkläert hien, wéi déi staark Bindung zum Baha‘i Glawen entstanen ass.

Béid Videoen hu Kapitelen, esou datt ee schnell op dee Deel kënnt oder zréck kënnt deen een besonnesch interessant fënnt.

Deel 2:


Fir den Archiv

Deel 1:

Deel 2:

Linken: