Luxembourg, le nom de la rose

Visite de la „Roseraie Château de Munsbach“ – Besuch am Rousegaart vum Schlass Mënsbech
Guide & Narratrice: Hely Heldenstein

Depuis le milieu du 19e siècle jusqu’à la première guerre mondiale, le Grand-Duché de Luxembourg et plus particulièrement la capitale et ses alentours étaient le centre mondial pour la création, la culture et la vente de rosiers. Hely Heldenstein, présidente d’honneur des « Lëtzebuerger Rousefrënn » nous raconte l’histoire de cette réussite industrielle depuis la Roseraie Château de Munsbach.

N.B.: une erreur s’étant glissé dans la description des roses, cette erreur a été volontairement floutée.

Voici donc la rose « Princesse Sibilla de Luxembourg »

E Besuch am Rousegaart beim Schlass vu Mënsbech, woubäi d’Madamm Hely Heldenstein d’Geschicht vun de Rousenziichter aus Lëtzebuerg erzielt, mat vill flotten Anekdote gespickt. D’Narratioun ass op franséisch.

De Rousegaart an den Temoignage iwwert d’Rousenziichter gëtt, ënner anerem, vun de Lëtzebuerger Rousefrënn asbl gefleegt. Hei geet et op hiren Internetsite:

De Rousegaart ass ëmmer op vir eng Visitt. En ass liicht ze erreechen iwwert Ausfaart « Munsbach » op der Autobunn Lëtzebuerg – Tréier.

La roseraie, ouverte au public, est facilement accessible depuis la sortie Munsbach sur l’autoroute Luxembourg – Trèves.

(Kaart: Geoportail.lu)

Hommage à Anne Beffort

Hommage à Anne BEFFORT (1880-1966). Conférence-projection par Frank WILHELM, professeur émérite de l’Université du Luxembourg. Organisation: Amitiés italo-luxembourgeoises d’Esch-sur-Alzette.

Conférence présentée le 5 octobre 2020 à l’Université du Luxembourg, campus Limpertsberg.

Dante – Cycle de conférences

Cycle de conférence sur

à l‘occasion du 700e anniversaire du décès de DANTE ALIGHIERI (Florence 1265 – Ravenne 1321), organisé par les AMITIES ITALO-LUXEMBOURGEOISES D’ESCH.

  1. Dante au-delé du Moyen Âge, par le professeur Sibilla Cuoghi.

Blannenheem: déi aner Klack

Nodeems an der schwéierer Zäit vun der Covid-19 Pandemie eng Rei Famillen d’Blannenheem Bierschbech an der Press kritiséiert hunn, an domadder de Récktrëtt vum Direkter erreecht haten, presentéiert 4K Films Lux Argumenter vu Bewunner an enger Famill déi wuel zefridden am Altersheem sinn.

Am Gespréich:
Madame Sylvie Schaack-Hoffmann
Här Fernand Schaack
Madame Valy Kroemmer
Här Raymond Braun
Madame Marguerite Kollwelter

(Dëse Bäitrag ass an HD – Qualitéit)

RéckBléck FuelBox IV

E Réckbléck op d’Ausstellung FuelBox IV wou Ënn Mee 2020 eng 80 Kënschtler um Houwald hir Wierker dem Publikum virgestallt hunn.

Dëst ass en éischten Documentaire an de Serie « KonschtKëscht » an där Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtler aus Lëtzebuerg virgestallt ginn.

Rétrospective sur l’exposition collective « FuelBox IV » qui a réuni plus de 80 Artistes dans un hall désaffecté au Howald, Grand-Duché de Luxembourg. Ce documentaire débute la série « KonschtKëscht » destinée à présenter des artistes luxembourgeois et résidant au Luxembourg.

Dës Kënschtler ginn am RéckBléck FuelBox 4 virgestallt: / Ces artistes se présentent dans le documentaire:

  • André Depienne
  • Florence Hoffmann
  • Frank Jons
  • Lis Prüssen
  • Richard Mignot
  • Valentino Camarda

Hesper: d’Ruin – Ruines du château de Hesperange

D’Buerg Hesper ass eng Ruin an der Uertschaft mam selwechtem Numm. D’Buerg ass warscheinlech aus dem 13. Joerhonnert, wéi d’Grofe vu Lëtzebuerg Hesper den Häre vu Rodemack ginn hunn. De Maximilian I., Keeser vun Éisträich, huet d’Schlass 1480, respektiv 1482 no Schluechte mam Gerard vu Rodemack ofrappe gelooss. 1796 hunn d’Fransousen d’Schlass eruewert, et gouf nationaliséiert a 1798 versteet. Ëm 1820 gouf et 7 Haiser, déi um Terrain vun der Buerg, aus Steng vun der Buerg, gebaut waren.

Le château fort est situé dans la localité de Hesperange. Il domine la vallée de l’Alzette d’une trentaine de mètres. Il a probablement été bâti par les seigneurs de Rodemack entre 1190 et 1277. Il était destiné à servir d’avant-poste à l‘imposant château fort de Rodemack. Il a été détruit une première fois par Maximilien Ier d‘Autriche en 1480 respectivement en 1482. Le Français ont pris le château en 1796, il a été nationalisé et mis aux enchères en 1798. Le site castral est constitué d’une basse cour de 20 x 40 mètres et d’un château principal d’environ 35 x 23 mètres. L’intérieur de la basse cour est aujourd’hui en grande partie occupé par des maisons privées.

Link / Lien: Site du « Service des sites et monuments nationaux »

D’Waasserbuerg vu Pëtten – Le château de Pettingen

D’Ruin vun der Waasserbuerg läit an der Uertschaft Pëtten (Gemeng Miersch) a geet op dat 10. Joerhonnert zréck. Un den Ecke stounge fréier véier ronn Tierm, vun deene just déi zwee viischt erhale sinn. An der Mëtt vun der Anlag stoung fréier en héijen Donjon. De Waassergruef gouf am 17. Joerhonnert opgeschott, ass awer nach gutt ze gesinn. D’Buerg gouf 960 bekannt ënner dem Numm « Pittigeromarkun ». Den Arnold vu Pëtten kënnt 1243 als éischte Besëtzer an engem Dokument vir. Nieft dem Jang de Blannen stierft an der Schluecht vu Crécy 1346 och e Ritter vu Pëtten. 1684 gëtt d’Buerg vun den Truppe vum Louis XIV. bombardéiert an zerstéiert. D‘Ruin koum 1947 an de Besëtz vum Staat. (Quell: wikipedia)

Au Xe siècle, la forteresse était connue sous le nom de Pittigero Mazini, mais elle a reçu le nom de Pettingen au XIIIe siècle. Vers la fin du Moyen Âge, les seigneurs de Pettingen étaient des membres importants de la société luxembourgeoise. Ils étaient présents au mariage d’Ermesinde, au couronnement d’Henri IV et à la signature du contrat de mariage de Jean l’Aveugle. En 1684, les troupes de Louis XIV le bombardent et le réduisent à l’état dans lequel on peut le voir actuellement. Depuis 1947, il est la propriété de l’État luxembourgeois. Les ruines sont ouvertes au public. Les remparts avec deux tours rondes sur le côté nord-est sont encore debout. Le site forme un carré de 30 mètres sur 30 entouré d’un ancien fossé de 15 mètres de large. (source wikipedia).

D’Gréiveschlass – Le Château de Koerich

D’Gréiveschlass (oder Gréiweschlass) vu Käerch steet op enger Héicht vun 295 Meter am klengen Dall vun der Giewel, deen an d’Äisch leeft. Den Äischdall gëtt och nach Dall vun de siwe Schlässer genannt. D‘Schlass, datéiert aus dem 14. Joerhonnert, besteet aus engem Wunnquartier ëmgi mat Ronnen déi e Gebitt vu 14 x 28 Meter ëmfaasst. De Bau geet zréck op de Wirich den 1., Senechal vu Lëtzebuerg. Käerch hat eng zweet Buerg, d‘Fockeschlass, wou et keng Iwwerreschter méi ginn an dat der Legend no dem Sigi, Grënner vu Lëtzebuerg, gehéiert hätt.

Le Château de Koerich, situé dans la petite vallée du ruisseau de Goeblange, est l’un de nos châteaux de plaine les plus typiques. Avec son donjon impressionnant, ses murs extérieurs formant un carré presque parfait, il constitue avec l’église baroque et les vieilles maisons de Koerich un ensemble remarquable. C’est Wirich I, seigneur de Koerich, sénéchal de Luxembourg, qui entreprit la construction du château vers la fin du 12e siècle et le début du 13e. (source: vistitluxembourg.com). C’est l’un de monuments de la « Vallée des 7 châteaux.

Link / Lien: Käercher Schlassfrënn

Zäitzeien

An dëser Serie vu Filmer, déi dem Realisateur besonnesch um Häerz läit, geet drëms Temoignage vu Lëtzebuerg a vu Lëtzebuerger festzehalen. Et däerfe bekannt Gesiichter zur Wuert kommen awer et sollen och „Leit aus dem Vollek“ iwwer dëse Wee net an d‘Vergiesse geroden! Dir hutt eppes ze erzielen oder kennt eng eeler Persoun déi Interessantes ka verzielen? Zéck net an huelt Kontakt mam Realisateur op!

« Témoins »: sur cette page, de personnes du peuple mais encore de personnalités du Luxembourg sont amenées à témoigner du passé récent du Grand-Duché.

Eis Zäitzeien:

Aloyse Stadtfeld, Leekëppert

Den Aloyse Stadtfeld, 83 Joer, erënnert un d’Aarbecht an de Leekollen a wéist wéi de Meeschter an de « Männi » geschaaft hunn. Den Aloyse ass aktive Guide am Schiefermusée vun Uewermaartel (Musée de l’Ardoise de Haut-Martelange).

Kuckt och d’Säit vum Musée.

René Risch, Leekëppert

De René Risch, 79 Joer, erënnert un d’Aarbecht an de Leekollen, esouwuel an de Minn wéi an de Brakë wou d’Schiferleeë fir op den Dach gespléckt gi sinn. De René ass bis haut en aktive Guide am Schiefermusée vun Uewermaartel (Musée de l’Ardoise de Haut-Martelange).

Kuckt och d’Säit vum Musée.