Zäitzeien

An dëser Serie vu Filmer, déi dem Realisateur besonnesch um Häerz läit, geet drëms Temoignage vu Lëtzebuerg a vu Lëtzebuerger festzehalen. Et däerfe bekannt Gesiichter zur Wuert kommen awer et sollen och „Leit aus dem Vollek“ iwwer dëse Wee net an d‘Vergiesse geroden! Dir hutt eppes ze erzielen oder kennt eng eeler Persoun déi Interessantes ka verzielen? Zéck net an huelt Kontakt mam Realisateur op!

“Témoins”: sur cette page, de personnes du peuple mais encore de personnalités du Luxembourg sont amenées à témoigner du passé récent du Grand-Duché.

Eis Zäitzeien:

Aloyse Stadtfeld, Leekëppert

Den Aloyse Stadtfeld, 83 Joer, erënnert un d’Aarbecht an de Leekollen a wéist wéi de Meeschter an de « Männi » geschaaft hunn. Den Aloyse ass aktive Guide am Schiefermusée vun Uewermaartel (Musée de l’Ardoise de Haut-Martelange).

Kuckt och d’Säit vum Musée.

René Risch, Leekëppert

De René Risch, 79 Joer, erënnert un d’Aarbecht an de Leekollen, esouwuel an de Minn wéi an de Brakë wou d’Schiferleeë fir op den Dach gespléckt gi sinn. De René ass bis haut en aktive Guide am Schiefermusée vun Uewermaartel (Musée de l’Ardoise de Haut-Martelange).

Kuckt och d’Säit vum Musée.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *